passer au contenu principal

Chrëschtmaart am Uespelter Schlass Haff, Editioun 2022

Schlasshaff zu Uespelt | Vendredi, 16 Décembre 2022 - Dimanche, 18 Décembre 2022
Chorale Sainte Cécile Aspelt asbl


Grad ewéi dat lëscht Joer ass d’Chorale Sainte Cécile vun Uespelt och dës Kéier nées präsent op dem Chrëschtmaart. Fier all déi, wou den Week End vum 4. Advent, also just virun Chrëschtdag, an déi richteg Stëmmung komme wëllen, bidd sech dëse Rendez-vous un.

Bei richteg wanterlechen Temperaturen, sou wéi vun de Wiederdingschter viraus gesot, kënnt Dir Iech op eisem Stand eng warm Ënnen – an/oder -Kürbiszopp schmache loossen. An, net ze vergiessen, eng ordentlech Portioun Austeren, servéiert mat engem fantasteschen Crémant, oder engem killen Pinot Blanc.

Dréi Deeg si mir fir Iech do.

Freideg, 16.12.2022 vun 18:00 bis 22:00 Auer

Samschdeg, 17.12.2022, vun 15:00 bis 22:00 Auer

Sonndeg, 18.12.2022, ab 10:00 bis Schluss






A propos du site


Conditions d’utilisation

 

Le site – agenda.frisange.lu est un service offert par la commune de Frisange.Il a comme objectif de regrouper tous les événements à caractère public et non commercial des associations agréées et inscrites dans la Commune de Frisange ainsi que toutes les manifestations autorisées par la Commune de Frisange.

plus d'informations





Login pour les associations