passer au contenu principal

Evénements à venir

02. 04
Dagesausfluch den 02.Abrëll 2025
Mir fueren bei de Grosbusch, wou mir moies eng Visite hun. Duerno hu mir d'Mëttesiessen am Restaurant am Parc Merveilleux. Nomëttes könne mir dann nach e puer Stonnen am Parc verbrëngen. De Retour ass géint 17.00 Auer virgesin.
Präis: Member 100.-€
Net-Member 120.-€
Umëllen bis spéitsens den 20.März 2025 beim Josée Tél: 23 660 121 oder beim Jeanne Tél: 621 288 034
06. 04
Chorale Sainte Cécile Aspelt asbl
D'Chorale Sainte Cécile Uespelt asbl, zesumme mat der Chorale Sainte Cécile Helleng an der Chorale Sainte Cécile Steebrécken-Biergem, sangen Marienlidder.

Dëse Concert ass Sonndes, den 6. Abrëll 2025 , ab 17:00 Auer, am Sall Hadespelt an den Annexen vum Uespelter Schlass.

De selwechten Concert gëtt och Samschdes, den 5.4.2025, um 18:45 Auer, zu Hunchereng an der Kierch gesongen.

Explizit Détailler stinn an den béigefügten PDF.
13. 04
Fraen a Mammen Uespelt invitéiren Iech op hire Bazar.
Sonndes, den 13.Abrëll 2025 vun 11.30 Auer un
01. 05
Société de musique "La Lyre" Hellange
02. 05
Société de musique "La Lyre" Hellange
03. 05
17. 05
50th Birthday Party KC Ganerbaach - All Generation Party
De KC Ganerbaach zu Néng Uespelt feiert 50 Joer.

Um Programm: Flipper by Flipperkeller, Music by AWACS & DJ Christian du Coin
18. 05
Schlassmart zu Uespelt
De Gaart an Heem Uespelt an d'Uespelter Schlassfrënn lueden no 6 Joer Pandemie a Chantier endlech nees op den schonns bal traditionnellen Konscht-an Handwierksmaart am Schlass, Schlasshaff a ronderëm. Kommt an entdeckt di vill Stänn mat schéine Saachen. Animatiounsprogramme fir Kanner, Musiksprogramm mat Dréiuergel a Concert vun der 'Lidderuucht Lëtzebuerg' an hire schéinen Truechten um 15.00 Auer, an och fir Iessen an Drënken ass bëschtens gesuergt.
Gräift zréck op Navetten an der Gemeng tëschent Helleng (Arrêt Kirch), Fréiseng (Arrêt Kräizong an Ennescht Duerf) an Uespelt , souwéi zu Uespelt Parking Garerplaz a Schlass.
08. 06
Amicale Pompjeeën Fréiseng a.s.b.l.
Summerfest 2025
15. 06
Société de musique "La Lyre" Hellange
23. 06
Amicale Pompjeeën Fréiseng a.s.b.l.
Summerfest
11. 07 - 12. 07
Soctété de musique Aspelt


Evénements passés

29. 03
Soctété de musique Aspelt
28. 03
Amis du Château d’Aspelt / Frënn vum Uespelter Schlass
Programm:

1. Begréissung vum Präsident
2. Rapport vun der Sekretärin
3. Rapport vun der Trésorière
4. Rapport vun de Keesserevisoren an Decharge
5. Budget fir 2025 a Cotisatioun
6. Neiwale vum Comité a Kandidaturen
7. Fräi Aussprooch
8. Géint 20h15, en Exposé vum Här Yves NOEL, Präsident vun der “Association ouvrage du Michelsberg”. Presentatioun vun der Maginotlinn anhand vun der Festung vum Michelsberg

No der Generalversammlung an dem Exposé, sidd der häerzlech agelueden op e klenge Patt an e Maufel ze iessen.
23. 03
Fanfare Frisange
11h00
21. 03
Gaart an Heem Uespelt a.s.b.l.
Mir machen de Rëckbléck op d'Joer 2024
19. 03
Invitatioun op eis Generalversammlung
e Mëttwoch, den 19.März 2025 um 14.30 Auer zu Helleng am Kulturhaus
19. 03
Invitatioun fir eis GENERALVERSAMMLUNG , e Mëttwoch den 19.März 2025 um 14.30 Auer zu Helleng am Kulturhaus.
15. 03
Geschichtsfrënn vun der Gemeng Fréiseng
Visite guidée Schlass Uespelt, 14H00
mat de Geschichtsfrënn vun Bertrange
09. 03
Kannerfuesbal
07. 03
Geschichtsfrënn vun der Gemeng Fréiseng
Chers tous,

Nous vous invitonsà notre AGO 2025.
Au plaisir de vous voir.

A propos du site


Conditions d’utilisation

 

Le site – agenda.frisange.lu est un service offert par la commune de Frisange.Il a comme objectif de regrouper tous les événements à caractère public et non commercial des associations agréées et inscrites dans la Commune de Frisange ainsi que toutes les manifestations autorisées par la Commune de Frisange.

plus d'informations





Login pour les associations