
Mass fir all liewend a verstuerwen Mammen
Uespelter Porkierch 18.00 Auer | Samedi, 07 Juin 2025Gaart an Heem Uespelt a.s.b.l.
Wéi all Joer éiert de Gaart an Heem Uespelt all verstuerwen an och liewend Mammen mat enger Danksagungsmass fir Mammendag. Fréier krut di lëscht verstuerwe Mamm vun Uespelt och eng Coupe op hirt Graf gesat. Wëll dat lo logistesch net méi esou realiséierbar ass, leeë mer déi Suen bei ee Scheck derbäi, dee vun de Aschreiwungen vum Strëckcours iwwerreecht gëtt. Domatt wieren eis Mammen averstanen, hu si sech dach och ëmmer fir di aner an de gudden Zweck agesat.
De Gesangverein vun Uespelt / Helleng dréit zur Verschéinerung vun dëser Mass bäi.